top of page
53291.jpg

Äre Partner fir d'Comptabilitéit an d'Gestioun vun Ärer Firma

Présentation from h arrow
Presentatioun

Wëllkomm bei Nova Fiduciaire! Wann Dir no engem zouverlässegen a kompetente Partner fir d’Comptabilitéit an d’Gestioun vun Ärer Firma sicht, da sidd Dir hei op der richteger Plaz. Eis Aufgab ass et, Iech déi administrativ Laascht vun de Schëlleren ze huelen, fir datt Dir Iech ganz op déi Aarbecht kënnt fokusséieren, déi Iech passionéiert an Äre Betrib weiderbréngt. Ausserdeem si mir och fir Privatleit täteg an hëllefen Iech z.B bei der Steiererklärung.

Op eiser Websäit gitt Dir méi iwwer eis an eis Servicer gewuer. Wann Dir interesséiert sidd mat eis zesummenzeschaffen oder méi spezifesch Froen hutt, kontaktéiert eis gären! All Informatioune fannt Dir am Beräich “Kontakt”.

59311 (1).jpg
Eis Servicer

All Client ass verschidden an deemno passe mir eis Léisungen esou gutt et geet un Är spezifesch Besoinen a Wënsch un. Gläichzäiteg ass et eist Zil, Iech esou vill wéi méiglech de Kapp an de Kalenner fräizehale vum Pabeierkrom an Iech d’Gewëssheet ze ginn, datt dës Aarbechte propper, pünktlech a konform zu den aktuelle gesetzleche Bestëmmungen erleedegt ginn.

Hei fannt Dir eng Iwwersiicht vun de Servicer, déi mir offréieren:

01

Privat Steiererklärungen

02

Grënnung vu Betriber

03

Comptabilitéit

04

TVA Deklaratiounen

05

Joresofschlëss

06

Erstellung vu Zwëschesituatiounen

07

Kontakt mat den Administratiounen

08

Ufroe vu Subsiden

09

Salairen

10

Perséinlech Berodung

Ass dee vun Iech gewënschte Service net op dëser Lëscht ? Kontaktéiert eis an erzielt, wou Dir eis Ënnerstëtzung braucht !

Services

No jorelaanger Erfarung kenne mir mat verschiddenen Buchungsprogrammer ëmgoen. Intern vertraue mir op de Book-In vun Intec Software a mir kennen eise Clienten duerch de Board-In och eng Méiglechkeet ubidde fir „paperless“ ze schaffen.

59319 (2).jpg
Iwwer Eis

Nova Fiduciaire ass 2022 vun dräi jonke Comptabele gegrënnt ginn. Mat zesummen iwwer 25 Joer Erfarung an onsem Beruff wësse mir, datt vill Cliente sech eng méi perséinlech, flexibel an transparent Zesummenaarbecht mat hirer Fiduciaire wënschen. Fir genee déi kënnen unzebidden, hu mir eis zesumme gedo an d’Nova Fiduciaire an d’Liewe geruff. Obwuel mir dräi zolidd Kompetenzen an alle Beräicher vun der Comptabilitéit a Fiskalitéit matbréngen, huet jidderee seng eege Stäerkten, déi mir vereene fir all Erausfuerdung ze meeschteren.

À propos
Team
Eis Equipe
46539 (1).jpg
Marc Marx
National Comptabilitéit, Agri-,
Viti- & Sylviculture

Tel.: (+352) 621 688 661

E-Mail: m.marx@nova-fid.lu

Contact
Kontakt

Nova Fiduciaire ass Äre kompetente Partner fir Comptabilitéit, Fiskalitéit an administrativ Demarchë fir Betriber a Privatleit. Wann Dir mat eis wëllt zesummeschaffen oder Froen zu eise Servicer hutt, kënnt Dir eis jidderzäit iwwer Telefon oder Email kontaktéieren oder perséinlech bei eis laanscht kommen.

Nova Fiduciaire

25, rue Principale  L-8818 Grevels

Grond vun Ärer Demande

Merci fir äre Message !

bottom of page